Wéi geet den Brexit weider?

Elo wou England offiziell den Prozess ugefangen huet fir aus der EU auszetrieden, ass den sougenannten "Brexit" natierlech erëm an den Schlagzeilen. Am Oktober dat lescht Joer haten mir schonn dëst Thema ugeschwat. Mee elo wou den Artikel 50 déclenchéiert gouf, geet et an eng aner Phase vum Brexit op déi mir elo wëllen méi genau agoen. Am Juni 2016 ass an England an engem Referendum ofgestëmmt ginn fir aus der EU auszetrieden. Doropshinn huet sech och eng nei Regierung ënnert dem Theresa May gebilt, déi elo d'Verhandlungen mat der EU féiert. Fir d'Resultat vun dësem Referendum an d'Réalitéit emzesetzen huet England missen den Artikel 50 vum Lissabon-Traité aktivéieren. Dëst ass haut (Mëttwoc

Wat ass de Schulz-Effekt?

Elo ass et offiziell. Nodeems den 61-järege Politiker Martin Schulz a ganz Däitschland eng „Schulzmania“ ausgeléist huet, gouf hien de Sonden um ausseruerdentleche Parteidag vun der SPD zu hirem neie Parteichef gewielt – mat engem Resultat, dat an d’Geschicht ageet. 100% vun de 605 gültege Stëmmen huet hie kritt, just 3 Vote waren net gülteg. Domat stellt de Schulz en neie Rekord an der Nokrichszäit op. Mä wouhier kënnt dat Resultat? Den eemolege President vum EU-Parlament hat am November 2016 ugekënnegt, vun der Europapolitik zréck an d’Bundespolitik an Däitschland ze wiesselen. Den 29. Januar 2017 gouf hie vum SPD-Parteivirstand eestëmmeg zum Kanzlerkandidat ernannt – den Ufank vu sengem R

Tierkeschen Walkampf am Ausland

Dës Woch huet d’Tierkei erëm fir vill Opreegung gesuergt, well Regierungsmemberen am Ausland Walkampf fir den Referendum bedreiwe wollten. Mee firwat ass dem Recep Tayyip Erdoğan den Referendum esou wichteg? Wéi hunn verschidden EU-Staaten réagéiert, wou ee Member vun der tierkescher Regierung Walkampf maache wëllen? Iwwert den Referendum an der Tierkei soll de 16ten Abrëll ofgestëmmt ginn. D'Ännerungen gesinn vir, dass de President gläichzäiteg de Staats- an de Regierungschef soll ginn. De President kéint och Dekreter erloossen, déi direkt wéi en Gesetz a Kraaft trieden. De President a Parlament sollen um selwechten Dag gewielt ginn an d‘Legislaturperiod soll 5 Joer daueren an op zwou Legis

Wat ass Wikileaks?

Wikileaks ass dës Woch an den Noriichten nodeems d'Organisatioun nei Dokumenter vum amerikaneschen Geheimdéngscht CIA (Central Intelligence Agency) verëffentlecht huet. Mee et ass net déi éischten Kéier, dass Wikileaks iwwert déi lescht Joren an den Noriichten ass. Dofir beäntweren mir haut d'Froen: Wat ass Wikileaks? An wat fir brisant Verëffentlechungen hunn si bis elo gemaach? Wikileaks ass eng Organisatioun, déi geheim Informatiounen publizéiert fir se der Ëffentlechkeet zur Verfügung ze stellen, woubäi d'Organisatioun selwer seet, dass si sech op Informatiounen iwwert Krich, Spionage an Korruptioun konzentréiert. Wikileaks ass geduecht fir sou genannten "Whistleblower" ze hëllefen. En "

Europa vu verschiddenen Vitessen

Et héiert een ëmmer méi „Europa vun zwou Geschwindegkeeten“ an de Medien. Mee wat bedeit dat iwwerhaapt? Wou gesäit een , dat et schonn een Europa vun den zwou Geschwindegkeete gëtt? Dat wëlle mir des Woch an eisem Artikel behandelen. Dofir kennt ee klengen Iwwerbléck iwwert d´Europäesch Unioun domat et besser ze verstoen ass. De Robert Schuman gëllt als wichtegst Persoun fir den europäesche Prozess. De Schuman-Plang oder EGKS -Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol- ass vun de BENELUX-Staaten, Frankräich, Italien an Däitschland 1951 gegrënnt ginn. De But war d´Kontroll vun der däitscher a franséischer Kuel- a Stolindustrie. Groussbritannien wollt bei der Organisatioun net dobäi sinn, well

Les activités de l'Association Narin a.s.b.l. sont soutenues par le projet "mateneen" de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

http://www.oeuvre.lu/initiatives/mateneen/

© 2017 by Association Narin