Em wat geet den Referendum an Italien?

Dëse Sonnden ass an Italien ee Referendum iwwert eng Ännerung vun der Konstitutioun geplangt. Een negativen Ausgang vum Referendum wäert ee groussen Impakt ob Italien an d´Europäesch Unioun hunn. Wat fir eng Verännerung ass iwwerhaapt an der Diskussioun? Wei eng Konsequenze komme bei engem negativen Ausgang op Europa duer? Dat wäerte mir dës Woch méi genau erklären. An Italien besteet d’Parlament aus zwou Kummeren, dem Senat an der Chamber des députés. Déi zwou Institutioune si gläichwäerteg. Fir ee Gesetz duerchzebrénge mussen déi zwou Kummeren hiren Accord ginn. Dat ass fir de Ministerpresident, Matteo Renzi, en Problem, well dat et schwéier mécht Reformen op den Wee ze bréngen. Dowéinst w

Fillon an Juppé – wien sinn si?

Dës Woch geet et em d’Virwahlen bei der Republikanerpartei an Frankräich, wou den François Fillon den éischten Tuer fir sech entscheeden konnt. Em wat geet et hei? An wien sinn déi zwee Kandidaten déi elo nach an Fro kommen fir als Presidentschaftskandidat vun den Republikaner an d’Wahlen ze goen? Den System no deem d’Republikaner hiren Kandidat auswielen ass ähnlech wei deen vun den Presidentschaftswahlen selwer. Bei béiden ginn d’Wahlen an zwee Tier gemaach. Beim éischten Tuer kann jidereen sech zur Wahl stellen. Beim zweeten Tuer dierfen dann just nach déi zwee beschten Kandidaten aus dem éischten Tuer Deel huelen an all d’Wieler dierfen sech dann nach eng Kéier tëschtent hinnen zwee ents

Protester an den USA – wat elo?

New York, Chicago, Portland: wou een an den USA och hikuckt, a villen Groußstied protestéieren Leit géint den designéierte President Donald Trump. Dobäi gouf de Republikaner eréischt virun enger Woch gewielt an ass emol nach net am Amt. Vill Leit maachen sech Suergen, dass d’Situatioun eskaléiert, well et schonn zu Ausschreidunge mat Gewalt komm ass. Elo stellen sech mat Vue op d’Demonstratiounen e puer Froen: Wat sinn d’Ursaachen, firwat d’Leit ausgerechent géint den Trump protestéieren, obwuel och aner Wahle scho knapp waren? Firwat protestéieren d’Leit iwwerhaapt? A wat sinn d’Konsequenze vun de Protester? Den Haaptgrond firwat vill Demokraten-Wieler elo géint den Trump protestéieren, ass

Wat dierf en US-President?

Elo wou d’Wahlen an Amerika no villen Méint op en Enn komm sinn an den Donald Trump zum President gewielt gouf, stellen sech natirlech vill wichteg Froen. Wéi wäert den Trump versichen d’Land no sou enger gëfteger Campagne erem zesummen ze féieren? Wéi wäert déi eidel Plaaz am Ieweschten Geriichtshaff gefëllt ginn? Mee hannert all deenen Froen steet eng méi generell Fro: wat dierf en President an Amerika iwwerhaapt maachen? Dem President seng Pouvoiren hänken ganz vill vum Beräich oof. Dat huet domat ze dinn, dass déi amerikanesch Konstitutioun en immens komplexen System firgesäit an deem déi eenzel Institutiounen sech géigensäiteg kennen iwwerwaachen. An dësen System ass méi entwéckelt an d

Les activités de l'Association Narin a.s.b.l. sont soutenues par le projet "mateneen" de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

http://www.oeuvre.lu/initiatives/mateneen/

© 2017 by Association Narin