„Jungle“ geraumt – wat elo?

Calais huet een am Zesummenhang mat der „Flüchtlingskris“ schonn oft héieren. Dëse Méinden war den Flüchtlingscamp an der Géigend vun Calais an den Noriichten, well ugefaangen gouf deen ze raumen. Mee wéi geet et elo weider wann „d’Flüchtlingscamp“ vun de franséischen Autoritéiten bis opgeléist ass? Zudeem stellt sech och d’Fro, wéi d’Ëmverdeelung vun den Flüchtlingen innerhalb vun der Europäescher Unioun am groußen Ganzen virun geet. Am Camp zu Calais sollen bis zu 10.000 Flüchtlingen sech ophalen an d’Situatioun ass miserabel. Well do sou schlecht Zoustänn herrschen, gëtt den Flüchtlingscamp och „Jungle“ genannt. D’Leit wunnen op engem alen Dreckstipp an Zelter, ouni richteg Sanitäranlagen

Wat ass eng Konstitutioun?

Dësen Weekend ass et an der lëtzebuergescher Politik ënner anerem em d’Reform vun der Konstitutioun gaangen. Beim Partei-Konvent vun der CSV den Samschden huet den Claude Wiseler nämlech gesot den Referendum iwwert déi nei Verfaassung sollt eréischt no den nächsten Wahlen statt fannen. Mee wat ass eng Konstitutioun an firwat versicht Lëtzebuerg seng ze änneren? Eng Konstitutioun leet déi fundamental Prinzipien fest no deenen en Staat fonctionnéiert. An enger Demokratie ginn do virun allem d’Rechter vum Bierger erkläert. Zum Beispill assuréieren vill Konstitutiounen d’Recht fir all Mënsch am Land seng Meenung ze soen an seng Relioun ze praktizéieren. Ausserdeem bestëmmt eng Konstitutioun d’Be

Wéi geet den Brexit weider?

De Sonnden huet déi nei Premierministesch vun Groussbritannien, Theresa May, op der Parteikonferenz vun den Konservativen eng Ried gehalen. Dobäi huet si e puer Ablécker ginn, wéi si wëlles huet aus der Europäescher Unioun auszetrieden – den sougenannten Brexit. Dowéinst wëlle mir dës Woch op dës Ried agoen an och kucken, wéi eng Konsequenzen dat op Groussbritannien an d’EU huet. Theresa May huet nach eng Kéier an hirer Ried dat gestäerkt, wat si schonns gesot hat-„Brexit means Brexit“. Den Artikel 50 wëll si bis spéitstens de Mäerz 2017 bei der EU areechen. Dann hätt Groussbritannien 2 Joer Zäit fir mat der EU hiren Austrëtt ze verhandelen, woubäi deen Zäitraum mat engem Accord vu béide Säi

Les activités de l'Association Narin a.s.b.l. sont soutenues par le projet "mateneen" de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

http://www.oeuvre.lu/initiatives/mateneen/

© 2017 by Association Narin