Firwat sinn d'Kandidaten onbeléift?

D'Thema wat dës Woch d'Norichten dominéiert ass kloer déi éischt Debatt em d'Presidentenamt an Amerika tëscht dem Donald Trump and dem Hillary Clinton. Iwwert den Wahlsystem an Amerika kënnt der an eisem Artikel vum Februar liesen. Dës Woch ginn mer der Fro no wat dës Debatt zur meescht gekukten Debatt jeemols gemaach huet. Dass dës éischt Debatt tatsächlech déi mat den meeschten Spectateuren jeemols war huet manner mat der Brillianz vun den zwee Kandidaten ze dinn an méi mat hierer Onpopularitéit. Tatsächlech sinn déi zwee déi onpopulärsten Kandidaten säit et Emfroen gëtt. Dem Hillary Clinton trauen 55.1% net zou eng gutt Presidentin ze ginn an dem Donald Trump trauen dat 58.3% net zou. Tat

Wat sinn d’EPAs?

An der leschter Zäit huet een ëmmer nees vun TTIP an CETA héieren. Dat sinn Fräihandelsofkommes déi d’EU am Moment mat den USA, respektiv Kanada, verhandelt. An villen EU-Staaten hunn d’Bierger Angscht, dat d’Entreprisë duerch dës Ofkommen en méi groussen Afloss op d’Politik kréien . Mee d’EU verhandelt nach aner esou Ofkommen, déi oft manner bekannt sinn – „Economic partnership agreements“ (EPA). EPAs sinn Fräihandelsofkommen, déi d’EU am Moment mat verschiddenen afrikanesche Staaten verhandelt. Mee vill afrikanesch Länner wëllen dës Ofkommen net, well se negativ Konsequenze fir hir Ökonomie fäerten. Déi Kontrakter gesinn nämlech fir, dat si hire Marché ëm 83% fir Produkter aus der EU opmaa

Wien mécht wat an der EU?

Haut (Mëttwoch) den Mueren war d’Ried zur Lag vun der Europäescher Unioun. Den Jean-Claude Juncker huet hei déi wichtegst Themen ugeschwat déi d’Europäesch Unioun momentan beschäftegen. Wat huet hien gesot? An wien huet iwwerhaapt wéi eng Roll an der EU? Als éischt ass et wichteg en Iwwerbléck iwwert d’Rollen vun den eenzelen Institutiounen ze hunn. Well dës Rollen oft geännert hunn iwwert déi 65-järeg Geschicht vun der EU sinn dës fir vill Leit oft onkloer. Dobäi kennt dass d’EU och ënnerschiddlech Rollen fir ënnerschiddlech Themen huet. Zum Beispill huet si méi Afloss op Ëmweltpolitik wéi op Verdeedegungspolitik. Säit dem Lissabon-Traité verfollegen allerdéngs 89% vun allen Proposen déi se

Wat ass G20?

Dësen Weekend gouf an der chineesescher Stad Hangzhou den Sommet vun der G20 eröffnet. Hei hunn sech den Obama, Putin, d’Merkel an 16 weider Staatschefen getraff. Mee wat ass den G20? Firwat gëtt et en an wat ass dës Kéier beschwat ginn? D’G20 ass en Forum an deem sech d’Staats- an Regierungschefen vun den Länner mat den 20 gréissten Ökonomien vun der Welt treffen fir iwwert ökonomesch, politesch an Emweltprobleemer ze berooden, déi vun kenger anerer Organisatioun kennen geléist ginn. Et ass also en Versuch fir international Probleemer mat internationaler Zesummenaarbecht ze léisen am Plaatz dass all Land probéiert déi Probleemer alléng – oder guer net – ze léisen. Nieft dem Sommet vun den S

Les activités de l'Association Narin a.s.b.l. sont soutenues par le projet "mateneen" de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

http://www.oeuvre.lu/initiatives/mateneen/

© 2017 by Association Narin