Amoklaf zu München

Freides owes war München am Ausnamezoustand, wéinst engem Amoklaf am Olympiaakafszentrum bei deem 9 Persoune gestuerwe sinn. Mee wat weess een iwwert den Täter? An wéi eng Motiven hat den Täter fir den Amoklaf duerchzeféieren? Fir unzefänke wëlle mir iwwert dem Täter, den David Ali S., säi Background schwätzen. Hien war 18 Joer an ass a München gebuer an opgewuess. Et weisen vill Indizien dorop dass hien en Mensch mat psycheschen Problemer. Ee Bekannten aus der Schoul seet, dat keen hien sou richteg gäeren haat an dass hien immens oft alleng war an der Klass. Hien soll och ee komescht Verhalen gehat hunn, während si Counter-Strike, en Egoshooter-Videospill, gespillt haten. Anscheinend huet d

Wat ass den Putsch an der Tierkei?

Spéit um Freiden Owend ass d’Noriicht an Europa komm, dass an der Tierkei d’Militär en Putsch – op franséisch en Coup d’Etat – probéiert huet fir den President Recep Erdogan ofzesetzen. Wat ass en Coup d’Etat dann iwwerhaapt genau? An wat ass säit deem an der Tierkei geschitt? Bei engem Putsch handelt et sech em den Versuch vum Militär fir d’Muecht am Land mat engem schnellen, strategeschen Plang ze iwwerhuelen. Den Freiden war et eng Grupp vun Zaldoten aus der tierkescher Arméi déi genau dat probéiert huet. Si hunn versicht wichteg ëffentlech Platzen an der Haaptstad Ankara an zu Istanbul ze besetzen, ënner anerem dat tierkescht Parlament. Ausserdeem hunn se vill Medien – virun allem d’Telé

Konflikt am Südchineseschem Mier

Dës Woch huet een internationaalt Schiidsgeriicht zu Den Haag een Uerteel iwwert den Konflikt zwëschen China an den Philippinnen gesprach. D’Schiidsgeriicht huet den Hoheitsusproch vun China ob verschidden Gebieter am Südchineseschen Mier net unerkannt. Ëm wat geet et an deem Konflikt? Wat heescht dat Uerteel elo fir déi zwou Parteien? Dat wëllen mir an dëser Woch an eisem Politik-Blog méi genau erklären. Den Konflikt besteet zwëschen China an den Philippinnen an spillt sech am Südchineseschen Mier of. Ähnlech Streidereien gëtt et och mat aner Länner wéi zum Beispill dem Vietnam, well China 80% vum Südchineseschen Mier duerch selwer gemaachten Grenzen fir sech unerkannt. Engersäits ass dat G

Wat huet d'EZB an der Finanzkriis gemaach?

Nodeems mer déi lescht Woch iwwert déi verschidden Rollen geschwat hunn, déi eng Zentralbank an enger Economie erfellt, geet et dës Woch drem wat d’Europäesch Zentralbank (EZB) dann an den leschten Joeren gemaach huet säitdeems 2008 d’Finanzkriis ugefangen huet. Als éischt zur EZB selwer. D’EZB ass säit 1998 d’Zentralbank vum Euro an këmmert sech domadder em d’Geldpolitik vun den 19 Länner déi an der Eurozone sinn. An den EU-Verträg steet dass der EZB hier Haaptroll d’Stabilitéit vun Präisser ass. An aneren Wieder heescht daat dass d’EZB dofir suergen soll dass et weder ze vill Inflatioun (i.e. Präisser ginn erop) nach ze vill Deflatioun (i.e. Präisser ginn erof) gëtt. Wéi se daat erreechen

Les activités de l'Association Narin a.s.b.l. sont soutenues par le projet "mateneen" de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

http://www.oeuvre.lu/initiatives/mateneen/

© 2017 by Association Narin