Neit Aarbechtsgesetz an Frankräich

D’Raffinerien si blockéiert, d’Aarbechter ginn op d’Strooss an d’Produktioun vun den Atomkraaftwierker soll erofgedréint ginn: dat sinn e puer Auswierkungen déi d’Protester géint de Gesetzesentworf zum Aarbechtsgesetz a Frankräich no sech zéien. Mä wéi genee ass et dozou komm, a wat steet an deem Entworf iwwerhaapt? De Gesetzesentworf, och no der Aarbechtsministesch El Khomri genannt, gesäit Ännerungen am Aarbechtsgesetz fir. D’Aarbechtsgesetz besteet aus legislativen a reglementären Texter, déi d’Aarbechtsrechter betreffen an ëmsetzen. Ziel vum neie Gesetz ass et, den Entreprisen méi Fräiheeten ze loossen, woumat d’Regierung d’Intentioun verfollegt, d’Entreprisen méi maartfäheg ze maachen

D'Wahlen an Eisterräich

De leschte Sonnde war an Eisterräich déi zweet Stéchwahl fir d’Bundespresidentenwahl, well am eichte Wahlgang kee vun de 5 Kandidaten sech duerchsetze konnt. Zudeem waren dës Wahlen ënnert engem groussen Interessi vun internationalen a virun allem vun de lokale Medien verfollegt ginn. De Grond ass, dat fir déi éischten Kéier ee rietspopulistesche Politiker, Norbert Hofer (FPÖ), eng Chance hat d’Staatsoberhaupt an engem westlechen Land ze ginn. Säin Konkurrent an de Gewënner vun der Wahl ass den Alexander van der Bellen – vun de Gréngen ënnerstëtzt - gewiescht. D’Resultat ass mat 50,3% zu 49,7% fir den van der Bellen zimlech knapp gewiescht 49,7% zu 50,3%. An Stemmen ausgedréckt ass et een Ë

Wat ass den Zypern-Konflikt?

Medien mëllen de Sonndeg, dat am Zypernkonflikt ee grousse Schrëtt gemaach gouf fir eng Léisung ze fannen. Dëse sougenannten Zypernkonflikt existéiert scho méi wie 40 Joer. Zypern ass neemlech an zwee gedeelt. Wann ee vun der Republik Zypern schwätzt, ass et de südlechen griichesch-orthodoxen Deel vun der Insel an deen ass 2004 der EU bäigetrueden. Den nërdlechen Deel ass déi tierkesch-moslemesch Republik Nordzypern. Wéi ass dëse Konflikt entstanen? Wéi probéiert een dësen Konflikt ze léisen? Do wëlle mir dës Woch méi drop agoen. Fir de Konflikt ze verstoe muss ee bis an déi britesch Kolonialzäit zeréck goen. Zypern war 1925 een Deel vun den briteschen Kolonien. Mee een Deel vun den Zypriote

Vir- an Nodeeler vun Atomkraaft

D’lescht Woch war den 30ten Joresdag vun der Tschernobyl-Katastrophe. Virun 5 Joer huet dunn Fukushima fir Ëmweltverschmotzung a méiglech Konsequenze fir Mënschen duerch Radioaktivitéit gesuergt. Dowéinst huet, zum Beispill, Däitschland entscheed aus der Atomkraaft auszesteigen. Mee firwat ass Atomkraaft sou ëmstridden? An wat sinn d’Vir- an Nodeeler? Als éischt muss een verstoen wéi een Atomkraaftwierk fonctionnéiert. Zum Beispill benotzen déi zwee an der Belge, zu Tihange an zu Doel, Drockwaasserreaktoren. Hei gëtt Waasser duerch d’Deelung vun Atomen erhëtzt, wat Waasserdamp produzéiert. Mat der Kraaft vum Waasserdamp gëtt eng Turbin bedriwwen déi duerch ee Generator Stroum produzéiert. D

Les activités de l'Association Narin a.s.b.l. sont soutenues par le projet "mateneen" de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

http://www.oeuvre.lu/initiatives/mateneen/

© 2017 by Association Narin