Firwat den Islam keng Gefor fir Europa ass

Dësen Dënschden hunn zu Bréissel iwwert 30 Leit hiert Liewen gelooss an em déi 200 weider Leit goufen blesséiert. Den Islameschen Staat huet dës Attacken revendiquéiert. Während an den meeschten Länner d’Leit hir Solidaritéit iwwer sozial Medien ausdrécken, gëtt et och puer déi dës Attack als Beweis gesinn, dass den Islam eng Gefor fir Europa ass. Alt erëm eng Kéier huet den Donald Trump gemengt den Problem wier d’Flüchtlingswell säit Summer 2015. Déi traureg Wourecht ass, dass sou Kommentaren och ewell zu Lëtzebuerg ukomm sinn. Virun allem den Bäitrag vum Joé Thein huet op den sozialen Medien vir Opreegung gesuergt. Dem Member vun “adrenalin” an Conseiller vun der Gemeng Péiteng säin Bäitra

Landtagswahlen an Däitschland

Dësen Sonnden waren Regionalwahlen an Däitschland an 3 Bundeslänner: Rheinland-Pfalz, Baden-Württemberg, an Sachsen-Anhalt. An den Noriichten sinn dës Wahlen oft duergestallt ginn als éischten Stëmmungstest ob d’Leit mat der Flüchtlingspolitik vun der Kanzlerin Angela Merkel averstanen sinn. An allen 3 Länner huet d’CDU – d’Partei vum Merkel – Stëmmen verluer an d’Alternative für Deutschland (AfD) – déi Partei déi d’Flüchtlingspolitik am meeschten kritiséiert – huet iwwerall Stëmmen gewonnen. Dofir froen mer dës Woch: wat ännert sech fir d’Merkel? An wéi ass den Erfolleg vun der AfD ze erklären? Den däitschen System ass föderalistesch opgebaut. Dat heescht dass et eng Zentralregierung an 16

Wat ass den Islameschen Staat?

Nieft den europäeschen Diskussiounen iwwert d’Flüchtlingskris war dës Woch nach en weidert Thema an den Noriichten: en Liewenszeechen vum Steve Duarte, een vun den 6 Lëtzebuerger déi sech dem Islameschen Staat (IS) ugeschloss hunn. Well mer schonn iwwert den IS am Kontext vum Syrien-Krich an der Flüchtlingskris geschwat hunn, ginn mer dës Woch an den Detail iwwert dës Organisatioun. Wéi ass den IS entstanen? Wat hunn se bis elo gemaach an wat wëllen se nach erreechen? Déi direkt Originen vum IS sinn op d’Invasioun vum Irak am Joer 2003 zeréck ze féieren. Deemools huet den Abu Musab al-Zarqawi eng nei Terrorgrupp gegrënnt an sech der Al-Qaeda ugeschloss fir d’Occupatioun vun den amerikanesche

Ass d'Demokratie a Gefor?

An dëser Woch huet erëm d’Flüchtlingskris d’Noriichten dominéiert. An der Tierkei an an Griicheland setzen Dausenden vun Flüchtlingen fest an ginn um Weidergoen gehënnert. Zu Calais gëtt en ongeplangten Flüchtlingscamp – “Jungle” genannt – vun Bulldozer geraumt. Am Zesummenhang mat dëser Thematik stellen vill Leit sech d’Fro ob dësen Problem d’Gesellschaft spléckt. Ass hei souguer d’Demokratie europawäit an Gefor? Fig. 1: Aarbechtslosegkeet an Griicheland, Spuenien, Portugal an Irland (2008-2014) Den Problem ass akut ginn am Joer 2008 wou d’Finanzkris – an dono d’Eurokris – zu extremer Aarbechtslosegkeet an Deeler vun Europa gefouert huet wéi am Graphik gewisen. Tëscht 2008 an 2013 ass an Gr

Les activités de l'Association Narin a.s.b.l. sont soutenues par le projet "mateneen" de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

http://www.oeuvre.lu/initiatives/mateneen/

© 2017 by Association Narin