Firwat ass den Schengenraum an Gefor?

Dës Woch war d’Flüchtlingskriis rëm am Zentrum vun den Noriichten. Et ass dobäi virun allem em den Schengenraum gaangen. Nodeems Schweden an Éisterräich, zwee vun den Länner déi am meeschten Flüchtlingen opgeholl hunn, rëm Grenzkontrollen agefouert hunn ass d’Zukunft vum Schengenraum ongewëss. Béid Länner hunn och domat gedro Griicheland aus dem Schengenraum auszeschléissen wann et net méi mécht fir d’Unzuel vun den Flüchtlingen ze reduzéieren. Mee wat ass den Schengenraum? Firwat ass en wichteg? An wat huet en mat der Flüchtlingskriis ze dinn? Den Schengenraum, deen nom lëtzebuergeschen Duerf Schengen benannt ass, besteet aus 26 Staaten, déi säit 1995 all Passkontrollen op den Grenzen déi s

Iran an d'Atombomm

Dës Woch war d'nuklear Sécherheet gläich zweemol an den Noriichten. Déi éischt Kéier huet Nordkorea annoncéiert, dass et eng Thermonuklearwaff getest huet – wat international Experten awer bezweifelen. Déi zweet Kéier huet Iran all d’Konditiounen erfëllt, déi am Accord vun Wien opgelëscht waren, an domadder goufen d'Sanktiounen géint Iran opgehuewen. Mee em wat geet et an deem Accort? Wat ass d’Ziel an wéi wärt et weider goen? Den Problem, deen den Accord probéiert ze léisen, ass dass vill Natiounen fäerten Iran géif heemlech eng Atomwaff bauen. Iran huet allerdéngs ëmmer insistéiert, dass säin nuklearen Programm ausschliisslech Energie fir friddlech Zwecker produzéiert. Eng Bomm bauen wär i

Top 5 Mythen - Flüchtlingskriis

1. Mir kënnen net d'ganz Welt ophuelen ​Dat freet och keen. Weltwäit ginn et knapp 60 Milliounen Leit déi op der Flucht sinn. Vun dësen 60 Milliounen liewen 80% an der Regioun wou och hiert Heemechtsland läit. Déi meescht Flüchtlingen kommen aus Syrien, wou se virun engem Diktator, engem Biergerkrich, dem Islameschen Staat an Loftattacken vun aner Länner fortlafen. Aner Länner wou vill Flüchtlingen hier kommen sinn: Afghanistan, Erithrea an Irak – alles keng Länner déi an Europa leien. Bei wäitem d’Majoritéit vun den Flüchtlingen kënnt also net an Europa. Tatsächlech liewen nëmmen 15% vun den Flüchtlingen an developpéierten Länner. 2. D'Majoritéit sinn net Flüchtlingen, mee Migranten Der Gen

Firwat ginn et sou vill Waffen an Amerika?

Iwwert 400 Leit sinn dëst Joer an Massenschéissereien an Amerika gestuerwen. Et goufen méi Massenschéissereien wéi Deeg am Joer. Am Ganzen sinn 2015 32'000 Leit un Waffen gestuerwen an eng weider 76'000 verletzt ginn. Des Zuelen maachen aus Amerika een vun den developpéierten Länner op der Welt wou am meeschten Leit un Waffen stierwen. Am Duerchschnëtt sinn och pro Woch 5 Leit ugeschoss ginn vun Kanner déi mat Waffen gespillt hunn, déi se doheem fonnt hunn. Bei dësen Ausmoossen fält et schwéier ze verstoen firwat näischt sech ännert. Säit 2013 ënnerstëtzen iwwert 80% vun den Leit an Amerika dass jiddereen deen Waffen kafen well, virweisen muss, dass en keng Verbriechen begaangen huet. D'selw

Association Narin goes #blogging

Nodeems eisen Projet "Jugend a Politik" vill positiv Reaktiounen erwier bruecht huet an deenen Lycéeën wou mer eng Presentatioun gehalen hunn, wëllen mer elo en wöchentlechen Blog, spezifesch fir Jugendlecher, iwwert en aktuellt politesch Thema schreiwen. D'Ziel ass et Jugendlecher fir Politik ze intresséieren an hinnen eng Basis an Themen ze ginn mat där si kennen mat aneren diskutéieren an sech kennen weider informéieren. De Blog wärt fir den groußen Deel op Lëtzebuergesch geschriwwen ginn. Obwuel den Fokus op Europa an Lëtzebuerg wärt sinn, wäerten Themen vun iwwerall an der Welt behandelt ginn, well d'Haaptzil et ass Jugendlecher fir Politik ze intresséieren. Vu dass si och oft Noriichte

Les activités de l'Association Narin a.s.b.l. sont soutenues par le projet "mateneen" de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

http://www.oeuvre.lu/initiatives/mateneen/

© 2017 by Association Narin