top of page
KUCK NET EWECH

An Zäite wéi dësen ass et ëmsou méi wichteg zesummen ze stoen a solidaresch ze sinn. D’Situatioun vu Flüchtlingen op de griicheschen Inselen ass mënschenonwierdeg.

Do dierfe mir net ewech kucken!

​

Deel dëse Video a maach deng Kolleegen drop opmierksam! So och du “Kuck net ewech”, film dech a schéck eis et fir Deel vum Video ze ginn. Wéi?

1. Film dech an engem schwaarzen T-Shirt mat wäissem Hannergrond.

2. So ‘Kuck net ewech’ an där Sprooch déis du wëlls.

3. Idealerweis vertikal filmen a schéck eis däi Video op: info@association-narin.com

Informatiounen zur Situatioun fënns de hei:
https://www.unhcr.org

E grousse Merci un den Daniel Lang fir d'Musek, dem Loris Laera fir seng technesch Hëllef, an natierlech e grousse Merci un all déi Leit fir hir Contributiounen zum Video.

Human To Human
image001 2.PNG

Wanns du net méi ewech kucke wëlls an eng ONG ënnerstëtze wëlls, da mach en Don a spent sou vill wéis du wëlls/kanns. Als Merci kriss de e "Human to Human" T-Shirt. Fir den T-Shirt ze kréien, fëll dëse Formulaire aus :

​

https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSdM73Js1J7g7OOzSpWGgy_hf6mMcOdEuOo4qyNA2oVf2nNBbg/viewform?usp=sf_link

​

  • Facebook Social Icon
  • LinkedIn Social Icon

Contact:

bottom of page