top of page

Mee 2016: OGBL-Fest

Eng erfollegräich Integratioun kann nëmmen geléngen wann Awunner an Flüchtlingen sech an normalen Situatiounen begéinen. Mir sinn iwwerzeegt, dass zesummen kachen an iessen eng super Geleeënheet dofir ass. Dofir hunn mer den 30. Abrëll Fräiwëlleger an Flüchtlingen zesummen bruecht fir Spezialitéiten aus dem Irak, Syrien an Palestina ze kachen.

Dës Saachen sinn dann den 1. Mee an der cuisine culturelle vun der ASTI um Fest vum OGBL an der Abtei Neumünster verkaaft ginn. Och hei konnten d'Flüchtlingen mat Fräiwëllegen an Visiteuren an Kontakt kommen. Mir kruten vun béiden Säiten - Flüchtlingen an Awunner - en immens positiven Feedback an versichen an noer Zukunft eng ähnlech Aktioun ze organiséieren.

bottom of page